StudySmart.lu

Wëllkomm bei StudySmart.lu – Lokal - Innovativ - Resultater.

StudySmart – Äre Partner fir d'Zukunft vun Ärem Kand!

Mir bidden qualifizéiert Nohellëf an Hausaufgabenhëllef fir Schüler vun all Schouljoer aus dem Primaire Cycle 2 bis Cycle 4 souwéi aus dem Lycée an all Fach un. Eis erfueren Formateure schaffen mat Leidenschaft, fir Är schoulech Zieler z’erreechen.

Iwwert eis 

Mir sinn déi educativ Branche vun enger letzebuerger Eventagence mat engem Team vun erfuerene Formateuren. Mir bidden individuell Coursen bei Iech Doheem am ganzen Land Letzebuerg souwéi och Coursen a klenge Gruppen an 5 verschiddene Säll duercht ganz Land. Mat engem flexibelen Zäitplang vu Méindes bis Sonndes suerge mir dofir, dass all Schüler déi néideg Ënnerstëtzung kritt.

Eis Missioun 

Eis Missioun ass et, Schüler ze hëllefen hirt vollt Potential z’entwéckelen an hinnen all déi néideg Fäegkeeten ze vermëttelen, déi se fir hir schoulesch Zukunft brauchen.

Eis Servicer

Bei StudySmart.lu bidden mir eng Rei vun educativen Servicer un,

déi a folgend Kategorien ennerdeelt sinn:

tabs-image

Individuell Nohëllef

Bei eiser individueller Nohëllef kritt Äert Kand eng Eenzelséance (one-to-one) vun enger, annerhalwer oder zwou Stonnen mat engem vun eisen Formateuren.
De Fokus läit hei ganz op den Besoine vum Schüler : en kann a sengem eegene Rhythmus léieren, Froe stellen an un deenen Themen schaffen, wou Hëllef gebraucht ass. Den Formateur bleiwt soulaang wéi machbar den selwechten.

✅ Bescht Léisung wann intensive Support oder schnell Resultater néideg sin
✅ Perfekt fir eng gezielte Virbereedung op en Examen oder ähnlech Hürden
✅ 100 % personaliséiert a vu Séance zu Séance méi un den Schüler adaptéiert

Méi Infos
tabs-image

StudyPoints

An der Gruppennohëllef schafft Äert Kand zesumme mat 1 bis maximal 3 anere Schüler 1 Stonn mat engem vun eisen Formateuren. All Schüler bréngt seng Hausaufgaben oder Zousaatzaufgaben mat a gett während der Stonn dobäi vum Formateur suivéiert an assistéiert. D’Elteren profitéiere vum reduzéierten Gruppentarif an d'Schüler kënne sech gegenseiteg beim Léieren motivéieren.

✅ Trotz Grupp eng semi-individuell Betreiung well et relativ kleng Gruppen sin
✅ Méi een dynamescht an ofwiesslungsräicht Format wéi Eenzelennerriicht
✅ Präislech méi attraktiv fir d'Hausaufgaben an Zousaatzübungen ze maachen

Méi Infos
tabs-image

Examensvirbereedung

Mir bidden gezielten Couren zur Virbereedung op Examen un. Dest ass eng Ennerkategorie vun eisem Service Individuell Nohellef, allerdings bidden mir an dese spezifesche Fäll Formulen un, bei denen a Form vun engem Package vun Ufank un eng vollstänneg Strategie ausgeschafft kann gin an soumat dann och eng präislesch Vergenschtegung um Niveau vum Stonnentarif méiglech ass.

✅ Eng Partie vun Methoden wéi een sech op een Examen oder Test virbereet
✅ Technik mat der een vill schoulesch Matière effizient auswenneg léiere kann
✅ Präislechen Avantage géigeniwwer onofhängeg gebuchten Nohellefscoure

Méi Infos
tabs-image

Virbereedung op d'Rentrée

Niewt der Begleedung vun Schüler déi een Noexamen hun an während der Summervakanz Ennerstetzung bei hierem Dossier bräuchen, bidden mir och individuell adaptéiert Summercouren un, fir Retarden a verschiddene Matièren opzeschaffen. Hei gett am Ufank ee Programm ausgeschafft woumat dann och eng präislesch Vergenschtegung um Niveau vum Stonnentarif méiglech ass.

✅ D’Basis aus dem leschten Schouljoer gett verstäerkt fir een effizient Léieren
✅ Onkloer Matière verstoen an festegen fir net méi benodeelegt ze sin am Cours
✅ Virausbléckend schon nei Themen preparéieren fir an der Zukunft fiir ze sin

Méi Infos
tabs-image

Virbereedung op den Lycée

Den Iwwergang vum Cycle 4.2 an de Lycée ass e grousse Schratt. Mir hëllefen Äerem Kand, sech optimal dorop virzebereeden, andeems mir zesumme dorun schaffen, dass Äert Kand selbstbewosst an erfollegräich an de Lycée starten kann. Hei gett am Summerufank ee Programm ausgeschafft, woumat dann och eng präislesch Vergenschtegung um Niveau vum Stonnentarif méiglech ass.

✅ D’Wëssen aus der Grondschoul gett stabiliséiert a wann néideg opgeschafft
✅ Nei Fächer wéi zum Beispill Mathé, Sciences oder Englesch virbereeden
✅ Léierstrategien an Aarbechtsmethoden fir de Lycée opbauen fir prett ze sin

Méi Infos

Eis Locations

Viichten

Samsdes a Sonndes fannen eis Nohëllefscouren vun 8h00 bis 18h00 zu Viichten am Sall vum Restaurant La Différence statt. Ee grousse Parking befënnt sech niewend dem Restaurant, souwéi ee Bäcker.

Useldeng

Mëttwochs, Donneschdes a Freides fannen eis Nohëllefscouren vun 13h00 bis 20h00 zu Useldeng am Sall vum Restaurant Péitche Lauer statt. Ee grousse Parking befënnt sech vis à vis, souwéi ee Bäcker, Coiffeur, Supermarché, Musée, Spillplaz an aner Restaurants. Den Sall ass gutt mam Bus areechbar.

Groussbus

Méindes a Dënschdes fannen eis Nohëllefscouren vun 13h00 bis 20h00 zu Groussbus am Sall vum Restaurant Carpe Diem statt. Ee grousse Parking befënnt sech hannert dem Sall. Den Sall ass gutt mam Bus areechbar.

FAQ

Wéi laang dauert een Cours?

Ee Cours dauert bei eis am Standardfall 60 Minutten. Dest ass d’Standarddurée fir all Couren a klenge Gruppen a fir all Couren fir Cycle 1-3.

Fir Kanner aus dem Lycée oder bei Examensvirbereedung bidde mir och Couren vu bis zu 90 oder 120 Minutten un – jee no Besoin a Konzentratiounsfähegkeet.

Standarddauer: 60 Minutten
Op Wonsch: 90 oder 120 Minutten (ab Cycle 4 a besonnegt fir Lycéesschüler)
✅ Bei méi laangen Couren maachen mir eng kuerz Paus vun 5–10 Minutten fir sech ze entspanen. Des Zäit gett natierlech net berechent.

Mir passen d’Dauer an Oofsprooch mat Iech individuell un, fir dass d’Kand effikass a mat Freed léiert. Berechent gin emmer oofgeschlossen Véirelsstonnen.

Wéi vill Schüler sinn an enger Grupp?

An eise Gruppencouren sinn tëscht 2 an 4 Schüler zesummen an enger klenger Grupp.
Sou kënne mir garantéieren, datt all Kand genuch individuell Opmierksamkeet kritt an an engem rouege Kader ka schaffen.

Kleng Gruppen fir perséinlech Betreiung
All Kand schafft un senge perséinlechen Aufgaben
Formateur ass ëmmer do fir ze erklären a bei Froen ze hëllefen

Wat kaschten d'Nohëllefcouren?

📚 Gruppennohëllef – StudyPoints (1–3 Matschüler)
– Cycle 2–4 (Primaire) → 25€/h – 29€/h
– Lycée 7e – 4e → 35€/h – 39€/h
– Erwuessencoursen → 37€/h

👤 Individuell Nohëllef – Doheem (One-to-one)

– Cycle 2–4 (Primaire) → 42€/h – 49€/h
– Lycée 7e – 4e → 52€/h – 59€/h
– Lycée 3e – 1ère → 70€/h

Remise bei trimesterieller oder jährlecher Aschreiwung

Eis offiziell Präislëscht mat den Laangzäitremisen ass op Ufro verfügbar.

Fir méi Informatiounen oder eng Offer, kontaktéiert eis gär!

Umeldung fir kontaktéiert ze gin

Bei Froen, fëllt w.e.g. de Formulaire hei aus.
Mir wäerten Iech dorobshin kontaktéieren, fir Iech gratis an onverbindlech ze berooden an eventuell een éichten Rendez-Vous ze fixéieren.